Zum Haaptinhalt

02.12.2021

Avisen & Matdeelungen

CEFIS Etüd – Zeienopruff

De CEFIS asbl krut d’Aufgab vum Familljen- an Integratiounsministère d’Studie iwwer Rassismus an Rassendiskriminéierung zesumme mam LISER auszeféieren. Dës Etude huet hiren Ursprong an der Motioun déi d’Chamber den 1. Juli 2020 am Kader vun der parlamentarescher Debatt iwwer Rassismus ugeholl huet.

Ären Temoignage interesséiert de CEFIS wann Dir Affer wart/sidd :

  • vu Rassismus (Haassried, auslännerfeindlech Beleidegungen oder Doten, Alldagsrassismus, …)
  • vu rassistescher Diskriminéierung (op der Aarbecht, an der Schoul, um Wunnengsmaart, am Kontakt mat Administratiounen,….)

Dës Temoignage si wichteg fir Rassismus a rassistesch Diskriminéierung zu Lëtzebuerg ze verstoen a fir déi néideg Mesuren ze huele fir dës Phenomener ze bekämpfen.

Kontaktéiert de CEFIS :

http://www.cefis.lu
cefis@cefis.lu

Tel. : +352 44 743 501
5 avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Sylvain Besch
Annick Jacobs

Anonymat a Vertraulechkeet garantéiert.
Indemnitéit fir d’Participatioun.