Zum Haaptinhalt
Mellt eng Diskriminéierung

FAQ

1. Wéi eng Kompetenzen huet de CET?

D’Ziel vum CET ass d’Promotioun, d’Analys an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientatioun, vun der Relioun oder vun den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter.

Beim Ausübe vun senge Funktioune kann de CET ënner anerem :

  • Rapporten publizéieren, Avisen an Recommandatiounen ofginn, an Etuden iwwer all d’Froen, déi mat den Diskriminatiounen zesummenhänken, féieren;
  • all Informatioun an Dokumentatioun am Kader vun senger Missoun produzéieren a ginn;
  • d’Persounen, déi méngen, si wären Affer vun enger Diskriminatioun, hëllefen, duerch d’Bereetstellung vun engem Service fir Rot an Orientatioun, deen d’Affer iwwer hir perséinlech Rechter, d’Législatioun, d’Jurisprudence an d’Méiglechkeeten op seng Rechter ze pochen, informéiert.

Den Artikel 2 vum Gesetz vum 28. Juli 2011 bestëmmt d’CCDH (Commission consultative des Droits de l’Homme) an de CET als national onofhängeg Mechanisme fir d’Promotioun an d’Iwwerwaachung vun der Konventioun iwwert d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung.

2. Wéi eng Diskriminatiounsgrënn gi vum CET ofgedeckt?

De CET ka fir Diskriminatiounen op Grond vun dëse 6 folgende Grënn intervenéiren, dat heescht op Grond:

  1. vun der tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Rass oder enger Ethnie,
  2. vum Geschlecht (d’biologescht Geschlecht an d’geschlechtlech Identitéit),
  3. vun der sexueller Orientatioun,
  4. vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen,
  5. vum Handicap oder
  6. vum Alter.

All direkt oder ondirekt Diskriminatioun op Grond vun dëse Grënn ass verbueden !

3. Wat ass d’tatsächlech oder supposéiert Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger Rass oder enger Ethnie?

D’Referenz vun der Zougehéieregkeet zu enger Rass oder enger Ethnie ass breed an erméiglecht et, all Diskriminatioun op Grond vun der Gebuert ze schützen.

Besonnesch d’Wuert « Ethnie » bedeit eng Grupp vu Persounen, déi duerch d’Sprooch oder d’Kultur verbonne sinn : doduerch ass et méiglech eng Grupp vun Persounen déi zu verschiddene Natioune gehéieren ze schützen, awer och national Minoritéiten ze schützen.

Duerch d’tatsächlech oder supposéiert Zougehéieregkeet ass et méiglech den Auteur vun enger Diskriminatioun op d’Geriicht ze huelen, soubal hien eng diskriminatoresch Entscheedung iwwert eng Persoun geholl huet, opgrond vun hierer Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet un enger Rass oder Ethnie.

4. Wat ass d’Geschlecht?

Zum Motiv Geschlecht gehéieren all d’Forme vum biologesche Geschlecht an och d’geschlechtlech Identitéit vun engem Mënsch.

D’Yogyakarta Prinzipien definéieren d’geschlechtlech Identitéit als dat déif empfonnend perséinlecht ënnerlecht Gefill vun der Zougehéieregkeet zu engem Geschlecht. Dëst Zougehéieregkeetsgefill ka mat deem Geschlecht iwwertenee stëmme wat bei der Gebuert festgehale ginn ass oder och net. D’geschlechtlech Identitéit ëmfaasst och nach folgend Aspekter:

  • sou wéi een säin eegene Kierper gesäit,
  • déi fräiwëlleg Verännerungen um äusserleche kierperlechen Erscheinungsbild an un de Funktioune vum Kierper, z.B. duerch medezinesch, chirurgesch oder aner Agrëffer,
  • aner Ausdrocksforme vum Geschlecht, z.B. d’Kleedung, d’Sprooch an d’Verhaalensweis.

5. Wat ass d’sexuell Orientatioun?

Ënnert dem Konzept vun der sexueller Orientatioun ginn d’Heterosexualitéit, d’Homosexualitéit, d’Bisexualitéit, d’Pansexualitéit an d’Asexualitéit verstanen.

D’Yogyakarta Prinzipien definéieren d’sexuell Orientatioun als d’Fähegkeet vum Mënsch sech emotional a sexuell intensiv zu Persoune vum selwechte, aneren oder méi Geschlecht(er) higezunn ze fillen a vertraut a sexuell Bezéiungen mat hinnen ze féieren.

6. Wat sinn d’Iwwerzeegungen?

Fir den CET sinn d’Iwwerzeegungen d’Existenz oder d’Inexistenz vun engem Gott oder Gottheeten. Dat bedeit, dass och d’philosophesch Iwwerzeegungen, wéi den Atheismus, den Agnostizismus oder den Laizismus abegraff sinn.

7. Wat ass en Handicap?

2006 huet den europäesche Geriichtshaff seng éischt Entscheedung iwwert d’Bedeitung vum Wuert « Handicap » ofginn. En huet en Ënnerscheed tëschend dem Handicap an enger Krankheet gemaach : «Ënnert dem Begrëff vun « Handicap » versteet een eng Begrenzung vu kierperlecher, geeschtecher oder psychescher Art an déi d’Participatioun vun der betraffener Persoun am Berufsliewen behënneren. (…). Fir dass eng Begrenzung ënner dem Begrëff « Handicap » unerkannt gëtt, soll se also vu laanger Dauer sinn. »

8. Wéi kann een de CET kontaktéieren?

Esou kënnt dir de CET kontaktéieren :

  • per Post un d’folgend Adresse : 65, route d’Arlon L-1140 Luxembourg
  • per Telefon : (+352) 28 37 36 35
  • oder per Email : info@cet.lu
  • oder op der Plaz (nëmmen op Rendez-vous)