Aller au contenu principal

07.10.2021

Avis & communiqués

Konferenz Gender­representatiounen an de Schoulbicher

Donneschden, den 11. November vu 17 bis 19 Auer am Centre culturel « Schéiss » (142 Val Sainte-Croix, 1370 Luxembourg).

Wéi sinn d‘Geschlechter an de Schoulbicher vum Enseignement fondamental zu Lëtzebuerg representéiert?

Wéi eng Persounen sinn a wéi engen Aktivitéite representéiert (Hobbyen, haislech Aktivitéiten, Beruffer)?

Presentatioun vun de Resultater vun der Etüd a Propose vu Piste fir d’Egalitéit tëschent de Geschlechter an de Schoulbicher an an der pedagogescher Praxis ze garantéieren.

Formation continue prioritaire fir d’Léierpersonal an d’sozio-educativt Personal. D’Inscriptioune gi vum IFEN entgéintgeholl. Méi Informatiounen op www.ifen.lu

Déi aner interesséiert Persoune kënnen sech umellen iwwert info@cet.lu

CovidCheck (3G) !

Evenement ënnert de Konditioune vum CovidCheck (3G) an/oder adaptéiert un déi Mesuren, déi deen Ament gëllen.