Schutz vun de Rechter a Méiglechkeete vun de Recoursen

Keng Persoun kann de Géigenstand vun Represaille ginn, weder wann e protestéiert nach wann e refuséiert eng Aktioun oder e Verhalen duerchzeféieren, och net wa se eng Plainte mëcht oder op d’Geriicht geet. Dëst verstéisst géint de Prinzip vun der Gläichbehandlung, wéi am Gesetz vum 28. November 2006 iwwert d’Gläichbehandlung festgeluet gëtt. An kee kann de Géigenstand vun Represaillen ginn, wann en e falscht Verhalen dénoncéiert.

All Dispositioun oder Handlung géint d’Dispositiounen an dësem Gesetz, ënner anerem all Entloossung déi géint dëst Gesetz verstéisst, ass automatesch ongëlteg an den Artikel L. 253-1 vum Code du Travail gëtt applizéiert.

Wann eng Persoun mengt, entgéint dem Prinzip vun der Gleichbehandlung behandelt ginn ze sinn, ka si direkt oder duerch eng Associatioun ouni Gewënnzweck, déi dofir zoustänneg ass, geméiss dem Gesetz vum 28. November 2006, oder duerch eng Gewerkschaft, déi gemäss dem Code du Travail oder am Kader vun enger Aktioun, déi am Kollektivvertrag oder engem Accord virgesinn ass, virun d’Zivil- oder d’Administrativgeriicht kloe goen.

Si muss d’Faiten, wou d’Existenz vun enger direkter oder indirekter Diskriminatioun supposéiert ginn ass, noweisen, mä den Ugekloten muss sech wieren andeems e beweist, datt et keng Violatioun vum Prinzip vun der Gläichbehandlung gouf.

Dëse Paragraph applizéiert sech net op Strofverfahren.

All Dispositioun, déi een an dësen Texter fanne kann: an engem Vertrag, an engem Individuell- oder Kollektivertrag oder an engem interne Reglement, awer och an de Regelungen vun Associatiounen mat oder ouni Gewënnzweck, vu liberale Beruffer an Aarbechterorganisatiounen, déi géint de Prinzip vun der Gläichbehandlung verstoussen, am Sënn vum Gesetz vum 28. November 2006, ass als „null und nichtig“ unzegesinn.

All Associatioun ouni Gewënnzweck vun nationaler Bedeitung, déi de Kampf géint Diskriminatiounen als statutaresch Aktivitéit huet, säit mindestens fënnef Joer eng Rechtsperséinlechkeet zum Moment vun de Faiten huet an déi am viraus vum Ministère, déi d’Justice an senger Attributioun huet, zougelooss gouf, däerf virun d’Zivil- oder Administrativgeriichter. Dëst däerf si och wa se keng eege materiell oder moralesch Intressen huet.

Awer wann d’Faiten géint eng eenzel Persoun ginn, däerf d’Associatioun ouni Gewënnzweck vun den unerkannten Rechter vum Affer vun enger Diskriminatioun Gebrauch maachen, awer nëmmen ënnert der Konditioun, datt dës Persounen däitlech a schrëftlech déklaréiren, datt si net dogéint sinn.

Momentan hu folgend Associatiounen ouni Gewënnzweck een Agrément fir viru Geriicht ze kloen:

“Association de soutien aux travailleurs immigrés” (ASTI), “Centre de liaison, d’information et d’aide pour les associations des projets au Luxembourg” (CLAE) an “Action Luxembourg Ouvert et Solidaire-Ligue des droits de l’homme“ (ALOS-LDH) gemäss dem Gesetz vum 19. Juli 1997 (Rassesch/ethnesch Hierkonft);

“Association de soutien aux travailleurs immigrés” (ASTI), “Info-Handicap (Conseil national des personnes handicapées)”, “Chiens guides d’aveugles au Luxembourg” an “Action Luxembourg Ouvert et Solidaire-Ligue des droits de l’homme“ (ALOS-LDH) a CARITAS gemäss dem Gesetz vum 28. November 2006

a “Conseil national des femmes du Luxembourg (CNFL)” gemäss d’Gesetzer vum 21. Dezember 2007 an 13. Mai 2008.