De Centre pour l’égalité de traitement (CET) gouf duerch d’Gesetz vum 28. November 2006 geschaf.

De CET übt seng Aufgabe ganz onofhängeg aus a säin Ziel ass d’Promotioun, d’Analys an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung, vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter.

Brochür (PDF)

Luxembourg Pride 2019

Photogalerie

Europäesch Ëmfro fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans, tëschegeschlechtlech, net-binär an aner net-geschlechtskonform Persounen

LGBTI

 

 

 

 

 

https://www.youtube.com/watch?v=KjVSiWRL1II

Är Geschicht zielt!

Nieft geleeëntleche Berichter iwwert Diskriminéierung vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche (LGBTI) Mënschen, gëtt et ganz wéineg vergläichbar Daten, déi EU-wäit gesammelt goufen, iwwert d’alldeeglech Erfarunge vu LGBTI Persoune betreffend Diskriminéierung.

Fir d’Gläichstellungsgesetzgebung an d’Politikgestaltung ze ënnerstëtzen, huet d‘Agentur fir Grondrechter vun der Europäescher Unioun (FRA) eng EU-wäit LGBTI – Ëmfro lancéiert, mat engem Questionnaire, deen online disponibel ass an Informatioune sammelt iwwert d’Meenung vun homosexuellen, lesbeschen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche Persounen, déi méi al sinn ewéi 15 Joer, an der Europäescher Union, a Serbien oder Nordmazedonien wunnen.

Äert Deelhuelen un der Ëmfro ass ganz wichteg. Är Äntwerte ginn anonym an op eng Aart a Weis behandelt, déi verhënnert, datt iergendeen är Äntwerten erëmerkenne kann, wann d’Resultater presentéiert ginn.

Baséierend op den Ëmfro-Resultater, wäerten national an Europäesch Politiker esou ewéi ONG-ën oder Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft ënnerstëtz gi fir hir Strategien an Aktivitéite méi zielgeriicht ze entwéckele fir dass d’LGBTI-Gemeinschaft fräi an ouni Diskriminatioun liewen an sech ausdrécke kann. Fir de Resultater Gewiicht ze ginn, zielt d’Europäesch LGBTI Ëmfro op d’Deelhuele vu villen an diverse Gruppe vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche Persounen aus all Land. Dëst ass deen zweeten  EU-wäiten Effort fir LGBTI Erfarungen ze sammelen am Kader vun der gréisster Ëmfro, déi jee an dësem Feld gemaach gouf.

https://www.lgbtisurvey.eu/lgbti/

Avisen & Matdeelungen, Uncategorized

Rapport d’activités 2018

En date du 21 mai 2019, le CET a remis le rapport général sur ses activités de 2018 au Président de la Chambre des députés, Monsieur Fernand ETGEN et à la Ministre de la famille, de l’intégration et à la Grande Région, Madame Corinne CAHEN.

Ensuite, le rapport a été présenté aux médias dans le cadre d’une conférence de presse.

Veuillez consulter le rapport d’activités 2018: PDF

Publications, Uncategorized

Recrutement d’un nouveau collaborateur (m/f)

Le CET se propose de recruter un
COLLABORATEUR (m/f)
dans la carrière de l’employé de l’Etat à plein temps.

Veuillez lire les conditions à remplir: PDF

Uncategorized

Neie Rot vum CET

De CET besteet aus engem Rot vu 5 Memberen, dorënner e President. D’Mandat vum President a vun de Memberen dauert 5 Joer. Si gi vum Grand-Duc ernannt, op Virschlag vun der Chamber, je no hire Kompetenzen um Gebitt vun der Gläichbehandlung. D’Mandat vu fënnef Joer kann ee Mol erneiert ginn.

Den aktuelle Verwaltungsrot besteet aus :

  • Patrick HURST, President
  • Catia FERNANDES, Member
  • Annemie MAQUIL, Member
  • Anik RASKIN, Member
  • Nicole SIBENALER, Member

Vu lénks no riets: 1. Rei: Catia FERNANDES, Patrick HURST, Annemie MAQUIL 2.Rei: Sandra REITER, Anik RASKIN, Nicole SIBENALER, Nathalie MORGENTHALER

Uncategorized