Campagne Stereotyppen
Wat si Stereotyppen?
Ënner Stereotyppe versti mir am Allgemengen eng vereinfacht Virstellung vun enger Saach oder engem Mënsch. Aner, änlech Begrëffer sinn zum Beispill „Virurteeler“ oder „Schubladendenken“.
Stereotyppen hëllefen eis, Saachen am Alldag, einfach a schnell ze verstoen, a ginn eis Iddie wéi mir mat deene Saachen ëmgoen oder se benotze kënnen.
De Stereotyp vun engem Stull wär zum Beispill eppes mat véier Bee wou sech kann drop gesat ginn.
Wann mir eppes gesinn, wou déi Beschreiwung ongeféier drop zoutrefft da wësse mir: hei kann ech mech drop sëtzen, dat ass e Stull.
Mir sinn eis all bewosst, dass e Stull net nëmme véier Been an eppes fir sech drop ze setzen ass, an dass all eenzelne Stull awer rëm e bëssi anescht ass wéi den aneren. Et ginn och Still ouni véier Been, an net alles dat véier Been huet a sech kann drop gesat ka ginn ass och e Stull. Eng Bänk oder en Dësch sinn dofir Beispiller.
Stereotyppe kënne also nëtzlech sinn, mee sinn dacks net komplett oder net ganz richteg, an heiansdo souguer ganz falsch.
Stereotyppen an Diskriminéierung
Oft féiere Stereotyppen dann och zu Virurteeler. Mir bilden eis also eng Meenung iwwert eppes oder e Mënsch ouni eis wierklech domadder ausenee gesat ze hunn. Mir geheien alles an een Dëppen, et fale Spréch wéi „Déi sinn dach all…“.
Wann dann och nach op Basis vun dëse Virurteeler Mënschen anescht behandelt ginn, well „déi dach all esou“ sinn an „déi aner all anescht“ sinn, da schwätze mer vun enger Diskriminéierung. Mënsche, déi an enger änlecher Situatioun sinn, ginn anescht behandelt, well een sech eng Meenung gebilt huet déi net onbedéngt der Realitéit entsprécht. Dëst féiert eventuell zu schwéiere Konsequenze fir d’Persoun ëm déi et geet.
D’Campagne
Fir eis alleguer op d’Gefore vu Stereotyppen opmierksam ze maachen huet de CET decidéiert dës an enger Campagne ze thematiséieren. Hei war et eis wichteg ze probéieren eben net gängeg Stereotyppen ze verstäerken, mee dësen e Schlusspunkt ze setzen. Wann ee Stereotyppen thematiséiert, besteet ëmmer e Risiko fir Leit ze verletzen. Mir sinn eis dësem bewosst an hu probéiert eng Campagne ze maachen déi méiglechst vill Leit mat aschléisst. Trotzdeem mussen ëmmer Choix’e gemaach ginn an et kënnen net onlimitéiert vill Versioune gemaach ginn.
Wann Dir Iech trotzdeem duerch de Choix vun de Wierder ausgeschloss, Iech mat der Campagne onwuel oder verletzt fillt, sot eis gäre Bescheed.
Dir kënnt eis ënnert info@cet.lu kontaktéieren. Natierlech och wann dir e positive Feedback hutt.








