Zum Haaptinhalt

04.06.2019

Avisen & Matdeelungen

Europäesch Ëmfro fir lesbesch, schwul, bisexuell, trans, tëschegeschlechtlech, net-binär an aner net-geschlechtskonform Persounen

LGBTI

 

 

 

 

 

https://www.youtube.com/watch?v=KjVSiWRL1II

Är Geschicht zielt!

Nieft geleeëntleche Berichter iwwert Diskriminéierung vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche (LGBTI) Mënschen, gëtt et ganz wéineg vergläichbar Daten, déi EU-wäit gesammelt goufen, iwwert d’alldeeglech Erfarunge vu LGBTI Persoune betreffend Diskriminéierung.

Fir d’Gläichstellungsgesetzgebung an d’Politikgestaltung ze ënnerstëtzen, huet d‘Agentur fir Grondrechter vun der Europäescher Unioun (FRA) eng EU-wäit LGBTI – Ëmfro lancéiert, mat engem Questionnaire, deen online disponibel ass an Informatioune sammelt iwwert d’Meenung vun homosexuellen, lesbeschen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche Persounen, déi méi al sinn ewéi 15 Joer, an der Europäescher Union, a Serbien oder Nordmazedonien wunnen.

Äert Deelhuelen un der Ëmfro ass ganz wichteg. Är Äntwerte ginn anonym an op eng Aart a Weis behandelt, déi verhënnert, datt iergendeen är Äntwerten erëmerkenne kann, wann d’Resultater presentéiert ginn.

Baséierend op den Ëmfro-Resultater, wäerten national an Europäesch Politiker esou ewéi ONG-ën oder Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft ënnerstëtz gi fir hir Strategien an Aktivitéite méi zielgeriicht ze entwéckele fir dass d’LGBTI-Gemeinschaft fräi an ouni Diskriminatioun liewen an sech ausdrécke kann. Fir de Resultater Gewiicht ze ginn, zielt d’Europäesch LGBTI Ëmfro op d’Deelhuele vu villen an diverse Gruppe vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans an tëschegeschlechtleche Persounen aus all Land. Dëst ass deen zweeten  EU-wäiten Effort fir LGBTI Erfarungen ze sammelen am Kader vun der gréisster Ëmfro, déi jee an dësem Feld gemaach gouf.

https://www.lgbtisurvey.eu/lgbti/