Missiounen

Beim Ausübe vun senge Funktioune kann de CET ënner anerem:

  • Rapporten publizéieren, Avisen an Recommandatiounen ofginn, an Etüden iwwer all d’Froen, déi mat den Diskriminatiounen zesummenhänken, féieren;
  • all Informatioun an Dokumentatioun am Kader vu senger Missioun produzéieren;
  • d’Persounen, déi ménge si wären Affer vun enger Diskriminatioun, beroden an orientéiren a si iwwert hier perséinlech Rechter, d’Législatioun, d’Jurisprudence an d’Méiglechkeeten op hier Rechter ze pochen, informéiert.

Den Artikel 2 vum Gesetz vum 28. Juli 2011 bestëmmt d’CCDH (Commission consultative des Droits de l’Homme) an de CET als national onofhängeg Mechanisme fir d’Promotioun an d’Iwwerwaachung vun der Konventioun iwwert d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung.

Comments are closed.