De CET besteet aus engem Rot vu 5 Memberen, dorënner e President. D’Mandat vum President a vun de Memberen dauert 5 Joer. Si gi vum Grand-Duc ernannt, op Virschlag vun der Chamber, je no hire Kompetenzen um Gebitt vun der Gläichbehandlung. D’Mandat vu fënnef Joer kann ee Mol erneiert ginn.
Den aktuelle Verwaltungsrot besteet aus :
- Patrick DE ROND, President
- Netty KLEIN, Member
- Paul KREMER, Member
- Anik RASKIN, Member
- Raymond REMAKEL, Member
Missioune vum Rot
D’Membere vum CET üben hir Missioun an aller Neutralitéit an Onofhängegkeet aus. Si üben hir Funktiounen aus ouni a laafend Geriichtsprozeduren z’intervenéieren.
D’Informatiounen iwwer eenzel Situatiounen oder Fäll, vun deenen d’Memberen am Kader vun hirer Missioun zur Kenntnis huelen, stinn ënnert dem Beruffsgeheimnis. D’Beruffsgeheimnis schléisst d’Kommunikatioun vun allen Informatiounen, déi eng Diskriminatioun fir d’Affer duerstellen, un déi zoustänneg Geriichtsautoritéiten net aus.
Si kënnen all Informatioun, Beleg oder Dokument nofroen, déi fir d’Ausübung vun hirer Missioun néideg sinn, ausser déi, déi ënner dem “secret médical” oder engem aneren Beruffsgeheimnis stinn.
D’Funktioune vum Member vum CET sinn onkompatibel mam Mandat vun engem Deputéierten, vun engem Member vum Statsrot a vun engem Member vun der Regierung.
Wann ee Member fréizäiteg ersat gëtt, mëcht deen neie Member vum CET dem anere säi Mandat fäerdeg.
De CET adoptéiert en internt Reglement, wat déi intern Organisatioun, de Fonctionnement an d’Aarbechtsprozeduren festhällt.
Eemol am Joer adresséiert de CET der Regierung an der Chamber een allgemenge Rapport iwwert seng Aktivitéiten.


DGS-Video, Audio & Untertitel


